24
2021
Apr

Wëllefchers-Rallye

Léif Wëllefchers-Chef,

de Wëllefchers-Rallye 2021 fënnt an ärem Duerf oder an ärer Stad statt!

Mir plangen eng Versioun „TO GO“ mat engem fäerdeg preparéierte Rallye dee mir Iech an enger PDF-Versioun schécken!

Dir kënnt Iech da selwer an ärem Duerf de Wee fir de Rallye eraussichen an decidéieren wou dir d’Statiounen um Wee wëllt maachen! Am Idealfall maacht Dir de Rallye tëscht dem 24.4. an dem 12.6!

De Materialopwand fir Iech probéiere mir méiglechst kleng ze halen!

Mir wiere frou wann Dir Iech am Viraus umellt, fir dass mir ongeféier wëssen wéi vill Ruddele matmaache wäerten!

Mir entwerfen ee Badge an dir kënnt wielen ob Dir ee „richtege“ Badge fir op d’Uniform ze bitze wëllt (dat kascht allerdéngs dann puer € pro Kand, mir wëssen awer nach net genau wéi vill), oder ob Dir äre Wëllefcher léiwer eng Pabeierversioun(déi mir Iech dann als PDF schécken) gitt!

Mellt Iech w.e.g. bis de 15.3. iwwer un! Sot eis w.e.g. ob Dir léiwer d’Pabeierversioun vum Badge wëllt oder léiwer e richtege Badge (an deem Fall och eng ongeféier Unzuel).

Mir wënschen eis, dass ganz vill Ruddele matmaachen!

Är Wëllefchersekipp